Bericht
vun enger spezieller Gare, wirklech geschitt.
Sonndes, de 7. November 2004 um 16 Auer 15.
Vill âl Leit stin a warden op
den Zuch mat onbekanntem Ziel, si hun es
einfach genuch;
All hu si nömmen en ,,Aller“ gebucht. Si hu Vertrauen an de Maschinist,
hie soll dach endlech fueren, a si duer
brengen wou si sech fille gebuergen.
De Schaffner peift, den Zuch firt un, do kënt séier gelâf nach é Student
a sprengt an den Zuch am lëschte Moment.
????????????????
War dât dén Zuch dén hie wollt huelen??? Dat wées ké Mënsch, ausser dém do Uewen.
Neischt hat de Jong dohém gesôt, a kengem verrôt seng Séil
eng Platz hat reservéiert,
an alles gewiescht wir ze komplizéiert well kéen
hätt dat jo toleréiert.
Hien hât den Billgé an der Täsch do fréet é sech, ass dat gerecht?
Et sollt esou sin all Séil huet
gewielt wéi lang se wöllt bleiwen
op döser Erd.
Dem Jong seng Missioun ass erföllt a sollt et vleicht
sin,
dass dodurch eis Géeschter erhéllt a wâch
bleiwen, wéll
alles Matériellt ass vergänglech mä Séilen liewen weider,
onofhängeg
bis an d`Eiwégkéet.
Bis den Zuch ukënt an der neier Dimension Gedold
ass gefrôt mä da mellt
sech de Jong.
Hien ass momentan net
erréchbar, well och kén
Handy fonktionnéiert am Zuch wou hie fiert
an dat scho guer nöt an
der Bar.
Lasslôssen ass gefrôt allerseits, vergonnt dem
Jong seng erwönschte Rées
an d`Eiwégkéet. All déi Dir hie kënnt bied fir hien
an denkt un är gemeinsam schéin
Zeit.
Emfang vun den Engelen op der Endstatioun, Dir besser
verstitt wat war dem Jong
seng Missioun.
Seng SMS: " mir gét et méga-gudd! "

Ech si befreit vu kierperlechem Schmäerz an all déi Dir mech kënnt,
wönschen ech aus vollem Häerz
ganz vill Mutt. Krëischt nöt fir mech, wéll
ech si nöt weit
ewéch.
Ech wärt Iech begléeden
a beschützen all déi Dir mir léif wârt
donidden.
An domat ass all Verbindung op, dem Handy seng Funktioun ass nés tiptop.
An aus dem Universum de Jong ka Rôt gi
senge Léiwsten:
Sou séet de Sascha all déi Dir
hie kënnt: ,,Carpe Diem“ a mât et gudd, sidd
brav,
couragéiert an éierlech wann Dir klammt
an dé selwéchten Zuch éwei
ech.
D`Eiwégkéet kennt keng Zeit.
Ech war nömmen 18, wéi ech de Spronk gewôt
mä dat war jo bedingt, durch e béisen Tumor.
Och war et jo mei Wonsch ömmer éischten ze sin,
sief ké mer béis dass ech och hei virun Iech
gin.
Op Jiddefall ech
frée mech op én ,, au revoir“ mat Iech
all déi ech
an déi mech gären haten an hun iwerall.
Léiwe Sascha, merci fir déin Message
séet Dir deng Grousstatta Jowa.
